Den däitsche Wiederdéngscht huet en Dënschdeg säi provisoresche Bilan fir Mäerz bis Mee publizéiert.

Wéi et an dësem heescht, wieren am Fréijoer 2023 am Schnëtt 200 Liter Reen pro Metercarré gefall. Dat wiere ronn 8 Prozent méi Reen, wéi een opgrond vu laangjärege Statistiken an der Moyenne an dësem Zäitraum erwaarde kéint.
Virun allem de Mäerz an den Abrëll wieren ze Naass gewiescht. Am Mäerz wier esouvill Reen gefall ewéi zanter 12 Joer net méi. Am Mäerz war fir d'Lescht viru 15 Joer esouvill Reen gefall. Op dat ganzt Land gekuckt, hat et esouvill gereent ewéi zanter 10 Joer net méi.

De Fréijoer war an Däitschland dann och méi waarm, wéi an der Moyenne. D'Duerchschnëttstemperatur fir d'Méint Mäerz bis Abrëll louch 2023 bei 8,7 Grad an domadder ronn 1 Grad iwwert der Referenz-Period. Dat virun allem well et am Mee schonn zu deelweis summerlechen Temperature komm ass.