An Italien huet e Mann bannent sechs Joer ronn 180.000 Euro Pensioun vu senger Mamm kasséiert, wärend hie mat hirer Läich an der Wunneng gelieft huet.

Medieberichter no soll d'Fra aus Köln stamen, mä zanter Joerzéngten am italieenesche Verona gelieft hunn. Den Noperen huet de 60 Joer ale Fils gezielt, si wier zeréck an Däitschland geplënnert.

Nodeems der Police opgefall war, datt d'Fra net eemol wärend der Covid-19-Pandemie Leeschtunge vun der Krankekeess an Usproch geholl huet an och per Telefon net méi z'erreeche war, huet een zesumme mat de Pompjeeën d'Wunneng opgebrach. Déi mumifizéiert Läich louch um Bett, an engem Sak verstaut.

De Fils war zu dem Zäitpunkt net am Haus, hien huet sech spéider awer fräiwëlleg den Autoritéite gestallt.