Helleg Bierger op Bali solle fir Touriste gespaart ginn

De Mount Agung op Bali. / © AFP/Archiv/SONNY TUMBELAKA
Wéinst dem schlechte Behuele vun den Touristen op der Vakanzeninsel Bali wëll de lokale Gouverneur déi helleg Bierger fir Touristen zoumaachen.
Deemno sollen et awer net just fir Auslänner, mä och fir indonesesch Visiteure verbuede ginn, op déi helleg Bierger ze klammen. An engem Schreiwes deelt de Gouverneur I Wayan Koster mat, datt et ënnert anerem zu Virfäll koum, bei deenen Touriste plakeg um Mount Batur gedanzt oder hallefplakeg um Mount Agung poséiert hunn. D'Bierger si béid Vulkanen, déi an der Kultur vun den Awunner op Bali als helleg veréiert ginn.
"Dat si keng gewéinlech Plazen", huet de Koster betount. "Et si Plazen, déi am Hibléck op hir Hellegkeet erhalen a geschützt muss ginn." Deemno soll eng entspriechend Direktiv fir all d'Bierger op der indonesescher Insel en place gesat ginn. Wéini d'Verbuet a Kraaft trëtt a wéi et duerchgesat gëtt, ass nach net gewosst.
Well virun allem de Batur an den Agung immens bei den Touriste beléift sinn, stéisst d'Propos bei Politiker, Aktivisten a Mataarbechter vum Tourismussecteur op Widderstand. Si warnen, datt e Verbuet villen Awunner vu Bali hir Liewensgrondlag huelen an déi wichteg Industrie staark beaflosse kéint. "Mir hu Familljen, domat verdénge mir eis Suen", huet ee vun de Guidë fir d'Bierger betount.