Nach bis Enn Juni kann een op ville Plazen uechtert d'Land wëll Orchideeë bewonneren.

Mam Botaniker aus dem Naturmusée Thierry Helminger hu mer iwwert déi seele Planze geschwat.

Wann een am Minett ënnerwee ass, gesäit ee virun allem eng Zort. Wéi eng Blumm ass dat a wéi eng aner wëll Orchideeë ginn et hei am Land?

"Dat ass d’Pyramiden-Hondswuerzel (Anacamptis pyramidalis), déi wuel déi opfällegst vun den heemeschen Orchideeën ass. Dës Wisenorchidee huet e laange Still, sou dass déi opfälleg gefierfte Bléie scho vu wäitem gutt ze gesi sinn. Et ass och eng vun deenen Aarten, déi sech an de leschte Joerzéngte wieder ausbreeden, sou wéi och d’Bock-Rimmerzong oder d’Beien-Aperhoerorchidee. Am ganze sinn zu Lëtzebuerg der aktueller Rouder Lëscht no 45 Orchideeën-Aarten heemesch, dovu sinn der allerdéngs 9 zum Deel scho viru laanger Zäit ausgestuerwen. 14 Aarte si bedreet oder staark bedreet. Orchideeë wuessen a verschiddene Liewensraim: am bekanntste si vläicht déi kallekräich Dréchewiss-Standuerter, awer et fënnt ee se och an de Bëscher an a Mooren a fiichte Wisen."

RTL

   

Firwat fënnt een esou vill Orchideeën an den alen Dagebaugebidder?

"An deene fréieren Dagebaugebidder gouf de Buedem jo ofgedroen, fir un d’Eisenäerz ze kommen an op anere Plazen dann erëm opgeschott. Sou si grouss Fläche mat opgeschottem more Biedem entstanen, déi zanter dem Enn vum Ofbau der natierlecher Successioun ënnerleien. Dat heescht no an no gouf a gëtt de Buedem vu Planze besidelt, déi spontan do opkommen. Déi oft ganz stengeg a virun allem närstoffaarm Standuerter sinn dobäi fir Orchideeë gutt gëeegent. Hir nëmme stëpskäregrouss Som kënnen iwwer wäit Distanze vum Wand erbäigedroe ginn. Duerch hir Symbios mat Wuerzelpilzen (Mycorrhiza) kënnen d’Orchideeë sech dann do entwéckelen."

Firwat ass et wichteg, déi wëll Orchideeën ze protegéieren a se net ze plécken?

"Och wa si sech op verschiddene Plaze staark konnten ausbreeden, sinn Orchideeën trotzdeem seele Planzen. Si stinn dofir och alleguerten ënner Naturschutz an däerfen net gepléckt ginn. Och hir Standuerter däerfen net zerstéiert ginn. Orchideeë si ganz gutt Indicateuraarte fir naturnoe Standuerter mat groussem Aarteräichtum (= Biodiversitéit). Do, wou si wuessen, kommen och aner seelen an oder bedreeten Déieren a Planzenaarte vir."