Multimillionär war ze séier ënnerwee: 121.000 Euro Strof

© shutterstock (Archiv)
De Mann hat iwwer 30 Kilometer an der Stonn méi drop, wéi am Code de la Route erlaabt war.
De 76 Joer ale Mann ass keen onbeschriwwent Blat, wat Verstéiss géint d'Vitesslimitatiounen ugeet. Schonn zwee Mol war hien negativ opgefall. Dës drëtte Kéier gouf et da richteg deier. De finnesche Geschäftsmann gouf mat enger Vitess vun 82 km/h geblëtzt, wou 50 erlaabt ass. Dowéinst krut hien dann elo eng scho bal Rekordstrof vun 121.000 Euro ze bezuelen.
"Ech bedaueren dësen Tëschefall wierklech", seet den Anders Wiklöf géintiwwer der Zeitung "Nya Åland". "Ech hat grad ugefaangen, méi lues ze ginn. Ech schätzen, dat ass net séier genuch gaangen."
A Finnland ginn d'Geldstrofen der Paie vum Täter ugepasst. Am Fall vun engem Multimillionär kann dëst dann emol ganz deier ginn.