An Zukunft wäert "Fraser Island", déi weltwäit gréisste Sandinsel virun der Küst vu Queensland, nees offiziell hiren originalen Numm hunn.

"K'gari", wat an der Sprooch vun de Butchulla esouvill heescht wéi "Paradäis", wäert Fraser Island an Zukunft nees offiziell heeschen.

Dat huet d'Premierministesch vun der Regioun Annastacia Palaszczuk matgedeelt. Fir si wier et en "historeschen Dag". "K'gari ass den Numm. Dat war schonn ëmmer esou a wäert och ëmmer esou bleiwen." Da war et vun hir och den Opruff un all d'Bierger aus dem Queensland, fir d'Insel dann elo bei hirem nees offiziellen Numm ze nennen.

Zanter 1992 gehéiert d'Insel mat hire wonnerschéine Landschaften zum Weltnaturierwe vun der UNESCO, wou d'Insel och schonn zanter 2021 nees K'gari genannt gëtt. An Australien war se bis elo ëmmer als "Fraser Island" bekannt, benannt no der Eliza Fraser. D'Boot vun der Schottin war 1936 virun der Insel ënnergaangen. Dono huet d'Fraser mat hire Memoiren, wou et haaptsächlech ëm Grujelgeschichten iwwert d'Aboriginis gaangen ass, der Insel zur weltwäiter Bekanntheet verhollef.