Méigleche Kampf tëscht Musk an Zuckerberg soll op X iwwerdroe ginn

© MANDEL NGAN, ALAIN JOCARD AFP
Zanter enger Zäit gëtt jo driwwer spekuléiert, dass d'Tech-Milliardären an engem MMA-Kampf géinteneen untrieden.
Wann et dozou komme sollt, soll de Kampf, wann et dem Musk no geet, op X (fréier Twitter) iwwerdroe ginn.
D'Suen, déi beim Evenement zesummekommen, sollen dann u wueltäteg Organisatiounen, déi sech ëm Krichsveterane këmmeren, goen.
Wéi den Zuckerberg gewuer gouf, dass de Kampf op X sollt iwwerdroe ginn, huet hie sech dës Geleeënheet fir eng verbal Attack net entgoe loossen. "Sollte mer de Match net op enger zouverlässeger Plattform iwwerdroen, dass och tatsächlech Sue fir d'Veteranen zesummekommen", huet et vum Facebook-Grënner geheescht. Domadder huet hien op d'Probleemer, déi et zanter dem Musk senger Iwwernam bei Twitter, respektiv X gouf, un.
Béid Milliardären hunn zanter Längerem eng Rivalitéit. Zu direkte Konkurrente goufe si, ewéi Meta mat Threads am Summer eng Plattform, déi mat X konkurréiere soll, an d'Liewe geruff huet.