Wann een op eng Achterbunn wéi d'Wilde Maus geet, rechent ee sécherlech net domat, dass een do ze lues ënnerwee ass.

Dat muss awer an dësem Fall wuel agetruede sinn, well e voll besate Waggon ass op engem riichte Stéck vun der Streck einfach stoe bliwwen.

E Mataarbechter vun der "Wilde Maus", dee beschtefalls keng Héichtenangscht huet, ass kuerzerhand eropgeklotert an huet dem Won souzesoe Starthëllef ginn, respektiv huet en ugedréckt, fir dass e bis bei déi nächst Descente kënnt, vu wou aus un de Won dunn nees vum selwe konnt weiderfueren.

Et war dëst awer net déi eenzeg Kéier, dass et zu sou engem Tëschefall komm ass. Op Reddit z.B. ass e weidere Video verëffentlecht ginn, wou ee gesäit, dass net manner wéi dräi Mataarbechter hu mussen an den Asaz, fir e Waggon ze zéien, respektiv ze drécken, fir dass e vun der Plaz kënnt.

Video op Reddit