An der Géigend vu sengem Hotel ass den 29 Joer ale Spuenier vun dräi Männer iwwerfall a beklaut ginn. Seng Auer krut hien no eegenem Asaz awer erëm.

Nodeems sech de Rennfuerer viru kuerzem nach iwwert eng drëtt Plaz am Grand Prix vun Italien zu Monza gefreet hat, ass de Carlos Sainz e Sonndeg den Owend Affer vun engem Iwwerfall ginn. Dräi jonk Männer hu sech mat der 300.000 Euro deierer Auer vum Formel-1-Chauffer duerch d'Bascht gemaach.

Wéi sech erausstellt, ass de Sainz allerdéngs net just op véier Rieder ausseruerdentlech séier, mee och op zwee Been. Ee vun den Déif konnt de Spuenier selwer unhalen, an och déi zwee aner Täter konnten op der Flucht gestoppt ginn. D'Männer goufe festgeholl a mat op de Policebüro geholl, iwwerdeems de Ferrari-Chauffer seng Auer zeréckkrut.