Vun e Mëttwoch u gi Propose fir Nimm vun Héich- an Déifdrockgebidder fir 2024 gesicht. Wëll ee Giedel oder Pätter ginn, kascht dat tëscht 260 an 390 Euro.

Datt et déi lescht Deeg nach eng Kéier méi waarm gëtt, kënnt ënnert anerem duerch de Wieder-Héich "Patricia". Benannt gouf d'Héichdrockgebitt vun enger Giedel mam selwechten Numm, wéi et um Site vum Veräin Wiederkaart vu Berlin zu der Aktioun heescht.

Vun e Mëttwoch u sichen d'Meteorologen no neie Giedelen a Pätteren. 2024 wäerten d'Héichdrockgebidder nämlech männlech an Déifdrockgebidder weiblech Nimm hunn. Eigentlech haten Déifdrockgebidder grondsätzlech weiblech Nimm an Héichdrockgebidder männlecher. No Diskriminéierungsreprochë gouf dës Praxis allerdéngs virun e puer Joer geännert. Zanterhier kréie Wieder-Héich an ongeruede Jore weiblech Virnimm.

Wëll ee Giedel oder Pätter ginn, kascht dat tëscht 260 an 390 Euro. D'Recetten aus dem Projet tëscht de Meteorologen an der Fräier Universitéit Berlin fléissen an d'Wiederiwwerwaachung vun de Studenten. Esou gëtt erméiglecht, datt d'Klima-Rei vun der Uni weidergefouert gëtt. Dës ass nämlech eng vun de längsten op der Welt.

Zanter 1954 deefe Meteorologen Héich- an Déifdrockgebidder. Zanter 2002 kann d'Bevëlkerung d'Nimm fir d'Drockgebidder wielen. Dacks ginn och méi aussergewéinlech Nimm wéi Meryem, Rixte, Yunchia, Xerxes oder Vascon geholl. Dem Veräin no ware schonn iwwer 4.200 Mënschen aus 17 europäesche Länner souwéi aus Brasilien, Japan, den USA a Südafrika Pätter a Giedel fir Drockgebidder.