Dat ginn deier Fotoen: An der Nuecht op en Dënschdeg ass en Däitschen op d'Monument aus dem 16. Joerhonnert geklommen an huet erhiefleche Schued ugeriicht.

Wéi d'Stadverwaltung vu Florenz matdeelt, ass en 22 Joer ale Mann an der Nuecht op en Dënschdeg op de bekannten Neptun-Sprangbuer an der italieenescher Metropol geklommen, fir Fotoe vu sech ze maachen. Dobäi wier e Stéck Marber aus dem "Sträitwon" vum Monument gebrach. Iwwerdeems gouf och en Houf vun engem vun de Päerd, op dat de Mann gesprongen ass, beschiedegt. De schued gëtt op ronn 5.000 Euro geschat.

Den däitschen Tourist konnt awer mat der Hëllef vun Iwwerwaachungskameraen ermëttelt ginn. De Buergermeeschter vu Florenz, den Dario Nardella, hat eng vun de Fotoe vum Täter op sengem Facebook-Profil gedeelt an dobäi geschriwwen: "Et gëtt keng Rechtfäerdegung fir Ignoranz a Vandalismus géigeniwwer dem Kulturierwen."

Den imposanten Neptun-Sprangbuer nieft dem Palazzo Vecchio gouf tëscht 1563 a 1575 vum italieenesche Sculpteur Bartolomeo Ammanati kreéiert. D'Konschtwierk gehéiert zu engem vun de beléiftste Foto-Motiver bei Touristen a gëtt vun den Awunner vu Florenz "Il Biancone" - de grousse Wäissen - genannt.