D'Fra, déi elo viru Geriicht Recht krut, hat tëscht Dezember 2015 an Dezember 2020 insgesamt 632.250 Euro verluer.

Elo muss de malteeseschen Ubidder vun Online-Glécksspiller der Fra aus Rheinland-Pfalz méi wéi 600.000 Euro zeréckbezuelen. De Grond ass, datt de Betrib tëscht 2015 an 2020 keng Glécksspill-Lizenz fir Rheinland-Pfalz hat. D'Landesgeriicht zu Koblenz huet dowéinst decidéiert, datt den Ubidder d'Suen ouni rechtlech Grondlag krut hat. De Vertrag, deen an där Zäit geschloss gi war, hätt deemno viru Geriicht kee Bestand gehat.

D'Fra hat den Online-Casino verklot an hir Suen zeréckgefrot. Si wier eréischt 2022 gewuer ginn, datt Online-Glécksspiller bis 2021 a Rheinland-Pfalz iwwerhaapt net erlaabt waren. Eréischt 2021 sinn se am Bundesland limitéiert legaliséiert ginn.