E Won, deen op enger Achterbunn hänke bléift an net méi viru kënnt: fir vill Leit een Horrorzenario.

Op der Fouer, méi genau op der "Wilde Maus"-Achterbunn, ass dëst elo ewell dräimol geschitt. D’Leit vum CGDIS hunn net missen intervenéieren, d'Mataarbechter vum Spill hunn de Problem selwer geléist. Bei béiden Tëschefäll goufen et dann och keng Blesséierter. An awer bleiwen natierlech Froen opstoen.

Tëschefall Wilde Maus / Rep. Chris Meisch

Freides Mëttes koum et zu engem net-geplangten Tëschefall op der "Wilde Maus". De Motor vun der Achterbunn hätt e Kuerze gehat a wier dunn net méi weider gefuer, sou Max Eberhardt, Proprietär vun der beléifter Achterbunn:

"Den Hauptmotor, der praktisch die Kette zieht und der die Wagen hochzieht, mussten wir natürlich ausbauen und wieder neu einbauen. Das hat aber glücklicherweise nur zweieinhalb Stunden gedauert, weil wir glücklicherweise einen Ersatzmotor hatten."

RTL

© Domingos Oliveira / RTL

Technesch Probleemer op Spiller wieren awer näischt Exzeptionelles a kéinte méi heefeg virkommen, sou de Fouermeeschter Laurent Schwaller.

"Et ass elo net, dass dat méi oft geschitt. Dat ass ëmmer scho geschitt a wäert warscheinlech och geschéien, dass et mol zu sou Saache kënnt. Wat fréier natierlech méi war, ass déi ganz Technik op de Manègen. Déi war méi mechanesch, haut ass se méi elektronesch. Mechanesch kennt ee villäicht vum Auto, fréier konnt een nach selwer um Auto schrauwen, haut manner. Bei den Manègen ass et nämmlecht, mechanesch kritt ee méi séier deblockéiert.“

Den nämmlechte Freideg koum et dunn Owes zu engem zweeten Tëschefall – nees op der "Wilde Maus". D‘Jackett vun engem Passagéier war op d‘Schinne gefall, wéi d’Faart amgaangen war. En anere Won war driwwer gefuer a mat de Rieder hänke bliwwen. Véier Leit souzen do dran. No enger décker hallwer Stonn wier de Problem nees geléist gewiescht, heescht et beim däitschen Gestionnaire. Bei béiden Interventiounen hunn d‘Mataarbechter missen agräifen, vir d‘Ween manuell ze deblockéieren. A Videoen vun Zeien op RTL.lu ass ze gesinn, dass d‘Mataarbechter ouni Ofsécherung op d‘Achterbunn erop geklomme sinn. Den Max Eberhardt:

"Also wenn ich hier gewesen wäre, dann hätte es ein Donnerwetter gegeben. Die hatten es gutt gemeint. Immer wichtig ist die Schnelligkeit, dass die Leute rauskommen, dass die keine Panik kriegen. Sie hätten einen Gurt nehmen müssen."

Dem Fouermeeschter no kontrolléiert LuxControl virum Optakt vun der Fouer all d’Spiller. Duerno wier et um Forain selwer den Entretien ze maachen. Vue dass de Problem op der Achterbunn direkt lokaliséiert ginn ass, bréicht een hei net weider ze intervenéieren, sou den Laurent Schwaller. Vun der ITM goufen et weider keng Informatiounen, well déi Responsabel fir d’Presse-Aarbecht aktuell nach am Congé sinn.

Schreiwes vun der ITM

Um Mëttwoch an der Mëttesstonn koum dann awer e Communiqué vun der ITM, an där d'Inspection du travail et des mines" erkläert, dass si just kënnen intervenéieren, wa si op d'Plaz geruff ginn. Dat wär hei awer net geschitt. Weider ass et d'Informatioun, dass d'Sécherheet vun de Spiller a vun dem Public ënnert d'Verantwortung vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg fält. D'ITM huet just Kompetenze wann et ëm d'Aarbechtskonditiounen an d'Sécherheet vum Personal ugeet.

D'ITM reagéiert dann awer och op de Video, dee mir als RTL.lu verëffentlecht hunn. Hei géif ee gesinn, wéi eng Persoun, déi mat Sécherheetsgeschier equipéiert wier, eropgeklomme wier, fir e Waggon ze drécken. Déi Persoun hätt sech awer néierens mat sengem Material ofgeséchert, wat eng Infraktioun géint d'Aarbechtssécherheet duerstellt. An Tëschenzäit wier den Exploitant vum Spill zu Recht gewise ginn.

E Méindeg de Mëtteg gouf et nees en Tëschefall géint 14 Auer, wou ee Sensor falsch ugewisen hätt. D‘Spill gouf doropshin gestoppt. E Waggon houng wärend 5 Minutte fest an huet nees missen ugedréckt ginn.