Zu Lutstadt a Rheinland-Pfalz hu sech zwee Rentner géigesäiteg mat Reecher ugegraff a liicht blesséiert. Si misste vu Passante vunenee getrennt ginn.

Ee vun den zwee 77 Joer ale Männer misst spéider an engem Spidol behandelt ginn.

Grond fir de Sträit tëschent deenen zwee war Vidange, deen ee vun hinnen am Haff ofgestallt hat an deen den aneren du mathuele wollt. D'Situatioun wier souwäit eskaléiert, datt béid openee lassgaange sinn. Géint si gouf Plainte wéinst geféierlecher Kierperverletzung deposéiert.