Spiller kritt Giel - an zitt eng "UNO-Reverse"-Kaart

© AFP
Eng kuriéis Reaktioun op eng giel Kaart, huet bei engem Futtballmatch fir de gudden Zweck d'Spectateuren zum Laache bruecht.
Beim Match tëschent den "YouTube All-Stars" an dem "Sidemen FC", zwou Ekippen, déi aus YouTuber a Livestreamer bestinn, huet den 28 Joer ale YouTuber a Comedian Max Fosh eng giel Kaart kritt. Dat, vu kengem anere wéi dem fréiere Premier-League-Arbitter Mark Clattenburg. Dem Spiller seng Reaktioun drop? Hien huet eng "Reverse"-Kaart aus dem berüümte Gesellschaftsspill UNO gezunn an dem Schidsriichter gewisen, deen d'Verwarnung nees zeréckgezunn huet.
D'Reverse-Kaart gëtt an UNO gespillt, fir de Spillverlaf an déi aner Richtung ze lenken. Gehollef huet d'Aktioun der Ekipp vum Max Fosh awer net, seng "YouTube All-Stars" hunn de Match 5:8 verluer.