Biergsteiger fält 600 Meter an d'Déift an iwwerlieft

© AFP/Archiv/PETER PARKS
Mat "ausseruerdentlechem Gléck" huet e Biergsteiger an Neiséiland eng Chute vu 600 Meter iwwerlieft, heescht et vun der neiséilännescher Police.
De Mann war e Samschde mat engem Grupp Biergsteiger ënnerwee op d'Spëtzt vum 2.500 Meter héije Mount Taranaki, wéi hie bemol den Halt verluer huet an erofgefall ass. Wéinst dem Wieder (an Neiséiland ass aktuell Fréijoer) war awer d'Äis opgeweecht a seng Chute dowéinst net esou haart. Vun der Police heescht et, de Mann hätt "ausseruerdentlecht Gléck, datt en nach um Liewen ass".
De Mount Taranaki gehéiert zu den "déidlechste Bierger" vum Land. Dat ganzt Joer iwwer besteet Lawinegefor an dat bei immens niddereg Temperaturen. D'Autoritéite ruffen aus dem Grond dozou op, nëmmen op de Bierg ze klammen, wann een déi entspriechend Fäegkeeten a Preparatioun huet. Geet eppes beim Klammen do schif, kann dat "dacks eescht Folgen" hunn.