Op d'mannst 60 Mol bannent engem Joer soll den Taxischauffer bei sengen Afferen zougeschloen hunn. Elo gouf hie bei frëscher Dot ertappt.

Wéi éisträichesch Medie mellen, soll de Mann wärend engem Joer ëmmer nees Nuetsschichte gefuer sinn a gewaart hunn, bis seng meeschtens staark alkoholiséiert Fuergäscht aschlofen, fir hinnen dann diskret hir Luxusaueren ofzehuelen. De Gesamtwäert vun de geklauten Auere soll bei 600.000 Euro leien.

Fir seng Afferen auszewielen, soll den Täter viru beléifte Lokaler am Wiener Stadzentrum geziilt gutt gekleet an ugedronk Männer ugeschwat, respektiv gefrot hunn, ob si en Taxi bräichten. Den Déifstall solle si ëmmer réischt bemierkt hunn, soubal aus dem Taxi erausgeklomme sinn.

Obwuel d'Affer sech ni un Detailer, respektiv un d'Ausgesi vum Chauffer erënnere konnten, konnten Ermëttler hien awer in flagranti erwëschen. Deemno hu si e Fuergaascht, deen zum typesche Profil vun den Affer passt, dobäi observéiert, wéi en an den Taxi erageklommen ass. Hien ass um Récksëtz ageschlof, ier de Chauffer op engem Parking stoe bliwwen ass a sech un der Auer ze schafe gemaach huet. Wéi en nees erausgeklommen ass, hunn d'Ermëttler de Fuergaascht gefrot, ob hie seng Auer nach hätt, wat net de Fall war. Si konnten dës da spéider wärend enger Kontroll beim Fuerer fannen, a senger Wunneng hu si dunn nach weider geklaut Exemplairen entdeckt.