Chemtrails, Impfungen oder Flat Earth, Reptiloiden a geheim Societéiten, Moundlandung an 9/11 oder awer d'Fro, ob et Lëtzebuerg wierklech gëtt.

Et ginn där grouss Verschwörungstheorien, déi esouguer nach eenzel Ënnerkategorien hunn, an och méi klenger, déi quasi als Experiment entstane sinn. An de leschte Wochen hu mer verschiddener dovunner opgegraff a se méi am Detail beliicht, ënnersicht an deelweis mat Hëllef vun Experte widderluecht.

Chemtrails um Himmel: Waasserdamp an Ofgasen oder awer Klima- a Gedankekontroll?

Hannert de Fliger gesäit een ëmmer erëm Kondenssträifen. Fir verschidde Leit, déi u Conspiratioune gleewen, sinn dëst awer Chemtrails, also Chemikalië versate Kondenssträifen. Dës sollen, jee no Theorie, d'Leit verdomme loossen, d'Leit kontrolléieren, d'Leit ëmbréngen oder d'Klima beaflossen. U sech sinn dës Sträifen awer just vu Mënsche gemaache Wolleken, déi duerch d'Turbinne vum Fliger entstinn. A se mat Chemikalien ze versetzen, fir esou en Afloss op d'Populatioun ze hunn, wier quasi onméiglech a scho guer net an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, wou d'Fliger ënnerwee sinn.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

Flat Earth - D'Renaissance vun der Äerd als Scheif?

Wann een de "Flat-Earther" gleewe wëll, ass d'Virstellung vun der Äerd als Kugel näischt anescht wéi Propaganda a wier absolutte Quatsch. Fir déi allermeescht Unhänger aus der Zeen vun der Renaissance vum "Platt-Äerd-Modell" - déi wéi sou dacks am Internet entstanen ass a floréiert - ass et eng joerhonnertelaang Indoktrinatioun vu Propaganda, déi net op der Wourecht baséiert. Fir dat ze beweisen, hunn d'"Flat-Earther" hir eege Modeller vun der Welt gebaut, déi awer vun der Wëssenschaft ëmmer nees widderluecht goufen. A verschiddenen Experimenter, déi d'Supporter vun dëser Theorie gemaach hunn, fir hire Standpunkt ze ënnermaueren, hu si u sech just de Contraire fäerdegbruecht a sech selwer widderluecht.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

Echse-Mënschen - Reptiloiden, déi d'Geschécker vun der Welt solle leeden

All groussen historeschen Event gouf vun den Echse-Mënschen, och Reptiloiden genannt, orchestréiert. Esou ongeféier kéint een d'Verschwörungstheorien aus dëser Kategorie resuméieren. Zanter Joerdausende sollen d'Echsen d'Mënschen ënnerdrécken a versklaven. D'Reptiloide géife sech nämlech vu mënschlechem Leed ernären an dofir fir Kricher a Genozid suergen. An er Psychologie geet een dovunner aus, datt Mënschen déi dës (an och aner Verschwörungstheorien) gleewen, well si liicht Äntwerten op eng ganz Partie ganz komplizéiert Froe sichen. Awer och sichen dës Mënschen duerch hire Glawen un d'Conspiratiounen, esou zu enger Communautéit ze gehéieren, déi sech aneren iwwerleeën fillt, wat hinnen nees eng gewësse Sécherheet gëtt.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

Fräimaurer, Bilderberg & Co.: Wat stécht hannert de geheime Societéiten?

Geheim Societéiten, déi am Hannergrond d'Weltgeschéie steieren, si schonn zanter laanger Zäit Géigestand vu Verschwörungstheorien. D'Leit gleewen, änlech wéi bei der Echse-Mënschen-Theorie, datt mächteg Persounen aus Politik, Wirtschaft a Rëschtungsindustrie am Geheimen déi Decisiounen huelen, déi d'Weltgeschéie beaflossen. Effektiv existéiere verschidde Geheimgesellschaften, an deene sech déi räich a mächteg treffen. Hei gëtt et awer net nëmme Kritik vu Leit, déi ee global als Verschwörungstheoretiker kann ofstempelen, mä och vu Soziologen a Politikwëssenschaftler, well dës Geheimgesellschafte guer net transparent sinn. Vill vun de Verschwörungen awer berouen op Ligen oder Fake News, wéi déi ganz "Taxil-Affär" aus dem Enn vum 19 Joerhonnert weist. Och ginn Experten dovunner aus, datt d'Membere vun zum Beispill der "Bilderberg-Konferenz" iwwerhaapt an der Lag wieren, fir eestëmmeg Decisiounen ze huelen, déi wäitleefeg Auswierkungen op d'Welt kéinten hunn.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

RTL

Impfung: Géint Krankheet schützen oder eis muttwëlleg ëmbréngen?

Géint quasi all d'Impfungen, déi an der Medezin agesat ginn, ginn et déi verschiddenst Verschwörungstheorien, déi rezentste géint de Vaccin géint de SARS-CoV-2. Obwuel d'Medezin de Gros vun dësen Theorien, och nach Impf-Ligen genannt, widderluecht huet, hale sech dës nach ëmmer an de Käpp vu ville Leit. Fir Experten sinn dës Theorien, déi just Angscht bei de Leit solle ervirbréngen, awer geféierlech, grad fir déi allgemeng Gesondheet. Dës Angscht huet dann 2019 zu Lëtzebuerg dozou gefouert, datt et an enger Schoul zu engem Ausbroch vu Riedele koum, eng Krankheet, déi d'Medezin u sech komplett am Grëff huet. Ausgangspunkt war e Kand, wat net geimpft war. Fir d'Experten, mat deene mer geschwat hunn, ass awer eppes kloer: Et muss een d'Leit richteg a geziilt opklären an hinnen d'Angscht huelen. Dat zum Wuel vun eis alleguerten.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

Keng Fligeren entfouert, Twin-Towers gesprengt an alles geplangt...

Knapp 3.000 Leit sinn den 11. September an den USA ëm d'Liewe komm, wéi véier Fliger entfouert goufen an an d'Gebaier vum World Trade Center an dem Pentagon geleet goufen, respektiv eng Maschinn erofgefall ass. Dës Selbstmordattacken waren den Ausgangspunkt fir de Krich vun den USA géint den Taliban-Regime am Afghanistan. Ronderëm dësen trauregen Event ginn et awer och vill Spekulatiounen an Theorien. Esou gëtt behaapt, datt d'US-Regierung d'Attentater geplangt huet oder op d'mannst dovu wosst a se net verhënnert huet. Och gëtt bezweiwelt, datt et Fliger waren, déi an d'Tierm geflu sinn, mä datt béid Twin Towers kontrolléiert gesprengt goufen. Eng weider Theorie beseet, datt de Pentagon ni ugegraff gouf. Fir vill vun den Theorien gëtt et awer keng honnertprozenteg Beweiser dogéint, mä et gëtt vill Bildmaterial an Aenzeien déi dokumentéieren, wat genau passéiert ass.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

Nach ni e Mënsch um Mound - Verschwörunge ronderëm d'Apollo-11-Missioun

Zanter d'Amerikaner 1969 um Mound gelant sinn, gouf et déi wëllste Verschwörungen iwwert dësen Event. An eisem Artikel si mer op fënnef vun de bekanntsten Theorien, déi och all scho vu méi Experten a Wëssenschaftler widderluecht goufen a sech trotzdeem nach halen, agaangen: Op de Fotoe vun der Apollo-11-Missioun si keng Stären ze gesinn; d'Schieter op de Biller verlafen net parallel; de Fändel, deen um Mound opgestallt gouf, beweegt sech ouni Atmosphär; um Mound misst ee méi héich sprangen an d'Stralebelaaschtung um Wee a Richtung Mound misst déidlech sinn. D'NASA selwer reagéiert ni op Kriticke an d'Reproche vun de Skeptiker, well ee festgestallt huet, datt d'Leit hir Verschwörungstheorie méi gleewen, wat ee si mat méi logesche Géigebeweiser konfrontéiert.

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

Existéiert Lëtzebuerg wierklech?

Déi Fro hat e belsche Professer a sengem Cours opgeworf, fir senge Studente ze weisen, wéi esou Theorië funktionéieren an datt esou eng Theorie real Konsequenzen kann hunn. Dofir huet de Professer Matthieu Peltier dat ganzt Semester iwwer eng rei kleng Argumenter bruecht, dorënner Aussoe vu Politiker a Feeler vun auslännesche Medien, déi ee falsch interpretéiere kann. Um Schluss hu ronn d'Hallschent vun de Studente gegleeft, datt et Lëtzebuerg als Land net gëtt, mä datt de Grand-Duché just "e Konstrukt fir international Finanzgeschäfter ofzewéckelen" ass, dat "am Interessi vun engem klengen elitäre Grupp."

De komplette Reportage kënnt Dir hei noliesen.

RTL