Ee vun zwee Studenten aus dem Grand-Duché maachen hir Etuden aus Ausland. Zu Paräis hu mir jonk Lëtzebuerger getraff, déi et dohi verschloen huet.

Net nëmmen zu Lëtzebuerg ass d'Rentrée, mä och bei eisen Noperen am Ausland fir eis Lëtzebuerger Studenten, déi sech fir e Studium zu Paräis entscheet hunn. Ee vun zwee Lëtzebuerger geet an d'Ausland studéieren. Domadder si mir mat eise Studenten an der Europäescher Unioun op der éischter Plaz.

Mir hunn eis mat Lëtzebuerger Studenten zu Paräis getraff, déi sech op hiert éischt akademescht Joer a Frankräich virbereeden. Mä firwat hu si sech dofir entscheet, fir am Ausland ze liewen an ze studéieren, a wat huet si motivéiert, esou wäit ewech studéieren ze goen? Mir luussen hannert d'Kulisse vun der Fondation Biermans- Lapôtre.