De legendäre Pullover vun der Prinzessin Diana ass zu New York am Auktiounshaus Sotheby's fir 1,1 Milliounen Dollar versteet ginn.

Wee sech iwwert dat iwwer 40 Joer aalt Kleedungsstéck freeën däerf, ass bis elo net bekannt.

Et ass den deierste Pullover, dee jee versteet gouf, grad ewéi och dat deierst Kleedungsstéck, dat vun der Prinzessin Diana jee versteet gouf.

Eigentlech war de Pullover "just" op 80.000 Dollar geschat ginn. Nodeems iwwer 40 Leit sech ronn 15 Minutten ëmmer méi eropgebueden hunn, war et um Enn vun 190.000 Dollar eropgaangen op 1,1 Milliounen Euro.

D'Diana hat 1981 bei engem ëffentlechen Optrëtt an deem Pullover fir Opreegung gesuergt. Wéi de Pullover kuerz drop beschiedegt gouf, huet d'Prinzessin beim Hiersteller direkt en neie bestallt. Bei "Warm and Wonderful" kann een de Pullover haut nach ëmemr fir ëmgerechent 200 Euro kafen.