D'Achterbunn war virun der Ouverture vum Oktoberfest e Samschdeg wéi all Manège vum däitschen TÜV kontrolléiert ginn.

Bei engem Accident op enger Achterbunn um Münchener Oktoberfest goufen néng Mënsche liicht blesséiert.

E Samschdeg den Owend waren op der Achterbunn mam Numm "Höllenblitz" zwee Waggonen anenee gerannt, wéi déi däitsch Police matdeelt. Ee Waggon soll deem aneren aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach hannendrop gefuer sinn.

Grond kéint awer sinn, datt ee Motor ausgefall war. De Chef vun der betraffener Achterbunn sot der "Bild"-Zeitung: "Voll besat weit een Zuch aacht Tonnen. Wann dee mat 5 bis 10 Km/h op en Hindernis prallt, da wierkt do ganz vill Kraaft."

Déi blesséiert Clientë sinn ambulant vun de Rettungsequippen op der Plaz behandelt ginn, zwou Persoune koume fir eng weider Behandlung an d'Spidol.

D'Police huet de Manège gespaart an et gëtt elo no der Ursaach enquêtéiert. Iwwerdeems gëtt en Expert ageschalt.