De Porzeläinsproduzent Villeroy & Boch iwwerhëlt de belschen Armaturen- a Sanitärproduzent Ideal Standard Group.

Domat wëll Villeroy säin Ëmsaz am Beräich Buedzëmmer a Wellness op 1,4 Milliarden Euro verduebelen. Dës Acquisitioun soll sech Villeroy & Boch ronn 600 Milliounen Euro kaschte loossen. Eng 250 Milliounen dovu kéime vun externen Investisseuren. D’Reprise soll bis uganks 2024 ofgeschloss sinn.

Villeroy & Boch hat schonn uganks 2020 eng Kéier doriwwer nogeduecht, de Konkurrent ze kafen, ma wéinst der Corona-Pandemie wier doraus dee Moment näischt ginn.

Den Ideal Standard Group mat Sëtz zu Bréissel produzéiert ënnert anerem Armaturen, Buedzëmmermiwwelen, Duschen a Buedbidden. Zejoert huet de Grupp méi wéi 730 Milliounen Euro verdéngt. D'Firma beschäftegt eng 8.500 Mataarbechter.

Villeroy & Boch huet zejoert Wuere fir knapp eng hallef Milliard Euro verkaaft an huet eng 6.400 Mataarbechter.