Kënschtler beduckst Musée ëm iwwer 70.000 Euro

© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
E Méindeg gouf en dänesche Kënschtler vun engem Geriicht zu Kopenhagen wéinst Bedruch schëlleg gesprach.
Geplangt war, datt den 58 Joer ale Mann am "Kunsten"-Musée zu Aalborg e Konschtwierk ausstellt, an deem Geldschäiner am Wäert vu méi wéi 70.000 Euro op eng Leinwand gepecht ginn. D'Boergeld, dat fir d'Wierk an den Asaz komme sollt, hat de Musée him bereetgestallt. Dorausser ass allerdéngs näischt ginn: Wéi d'Mataarbechter vum Musée de Behälter vum geliwwerte Wierk opgemaach hunn, hu se doranner nëmmen eng eidel Rumm ouni Geld fonnt, dat de Kënschtler do schonn a seng eegen Täsch gestach hat. Donieft hat hien d'Wierk an "Huel d'Suen a verschwann" ëmbenannt.
Déi eidel Rumm gouf zwar ausgestallt, de Musée huet vum Mann d'Suen awer zeréckgefuerdert. Dësen huet sech op d'Konschtfräiheet beruff an domadder argumentéiert, datt de Musée duerch déi medial Opmierksamkeet vill méi Recettë gemaach huet wéi investéiert gouf. Trotzdeem huet d'Geriicht hie schëlleg gesprach an zu engem komplette Remboursement verurteelt.