D'Leit hu Plainte géint d'Kaffischaîne gemaach, well d'Friichten, déi sech am Numm vum Gedrénks erëmfannen, dacks guer net am Gedrénks verschafft sinn.

Starbucks hat scho probéiert, fir de gréissten Deel vun der Sammelklo ofweisen ze loossen, ma deem ass e Riichter zu Manhattan net nokomm. Als Erklärung huet hien uginn, datt vill Verbraucher jo awer géifen erwaarden, datt an hirem Gedrénks déi Fruucht, déi jo schonn am Numm vum Produit erwäänt gëtt, och do dra wier.

D'Clienten hate sech ënner anerem beschwéiert, well an der "Mango Dragonfruit"-Limonad keng Mango dra wier respektiv d'"Pineapple Passionfruit"-Limonad ouni Passiounsfruucht hiergestallt gëtt. De Leit, déi geklot hunn, no, géif d'Gedrénks haaptsächlech aus Waasser, Konzentrat vun Drauwejus an Zocker bestoen. D'Nimm géifen dem Client awer eppes aneres virgaukelen an hätten och zu däitlech méi deiere Präisser gefouert. Dat Verstéisst an den USA géint de Verbraucherschutz.

Starbucks dogéint argumentéiert, datt d'Nimm vun de Produiten de Goût géife beschreiwen an net, wat effektiv am Gedrénks verschafft wier. D'Clientë missten och net duerchernee ginn, well d'Mataarbechter kéinten zu all Moment liicht an d'Donkelt bréngen, wa si da gefrot ginn.

Gefrot gëtt e Schuedenersatz vun op d'mannst fënnef Milliarden US-Dollar.