"Think Pink" ass eng Associatioun, déi et zanter Oktober 2009 gëtt. Hiert Zil ass et, Fraen am Alldag ze ënnerstëtzen, déi Kriibs hunn.

Leschte Weekend hu se op sech opmierksam gemaach, andeems se zu 29 ganzer 333 Kilometer mam Vëlo duerch eist Land gefuer sinn, fir Sue fir d'Fuerschung géint de Broschtkriibs ze sammelen.

Ganzer dräi Deeg ware se mam Drotiesel duerch Lëtzebuerg ënnerwee an dofir goung et och schonn Moies um 7 Auer lass. Am Fond de Gras hate se sech versammelt, déi Fraen, déi selwer eng Kéier u Kriibs erkrankt waren oder déi ee Fall am Bekanntekrees hunn. Hiert d'Zil: Mam Vëlostour op de Broschtkriibs opmierksam maachen a gläichzäiteg Sue fir d'Fuerschung sammelen.

Nom Depart huet et du geheescht, dräi Deeg laang op d'Zänn bäissen, well et stoungen all Kéiers "Etappe" vun iwwer 100 Kilometer um Programm.

D'Associatioun setzt sech awer net nëmme fir Betraffener an, mä och fir déi Persounen, déi indirekt betraff sinn. Also meeschtens de Partner oder d'Famill. Dobäi kënnt, dass et och Broschtkriibs bei Männer gëtt. Ee Prozent vun de Männer ass also och betraff, wat vill Leit net wëssen.

An dräi Deeg 333 Kilometer pedalléieren, war fir déi meescht keng gréisser Erausfuerderung. Vum Fond de Gras goung et iwwer Nidderkuer, Péiteng, Stengefort, Maartel, Bauschelt, duerch d'Pommerlach iwwer Houfelt, Wëntger, Maarnech, Biwels, Veianen, Beefort, Ohn, Altwis, Fréiseng, Helleng, Beetebuerg, Esch, Bieles, Déifferdeng an nees zeréck an de Fond de Gras. Si hu Sue fir de gudden Zweck gesammelt a sech selwer eppes Guddes dobäi gedoen.

Ronn 30.000 Euro hunn d'Girls on Fire um Enn zesummekrut an dat eleng nëmmen duerch hir Motivatioun, fir fir de gudden Zweck op de Vëlo ze klammen.