Dass en Objet wéi eng Strenz fir grouss Konsequenzen am Trafic suerge kann, dovu gi wuel déi Mannsten aus ... och net déi däitsch Police.

Ma wéinst enger Strenz koum et op der Autobunn 73 a Bayern zu enger Karambolage tëscht e puer Policeween. Beim Accident an der Géigend vu Möhrendorf goufen 12 Poliziste liicht blesséiert, sou de Policebüro Mittelfranken e Mëttwoch an enger Erklärung. Et ass e Schued vun e puer 10.000 Euro entstanen.

Eng Kolonn vu véier Policeween war hannerteneen a Richtung Feucht ënnerwee, ma op der Héicht Möhrendorf hunn déi zwee Gefierer vir op eemol missen op d'Brems trëppelen. De Grond: eng Strenz op der Fuerbunn. De Chauffer hannendrun an och dee véierte Won konnten net méi mat Zäite bremsen an et huet gerabbelt.

Elo sicht d'Police no enger wäisser Camionnette, déi d'Strenz verluer soll hunn.