"D'Leit hunn dacks Angscht, well se sech eppes aneres drënner virstellen"

© Weizmann Institute of Science
D'Emilie Wildschutz an hiert Team viru kuerzem Schlagzeile gemaach. De Fuerscher ass et gelongen, ee mënschlechen Embryo ouni Som- an Eezell ze kreéieren.
Et kléngt e bëssen no Science Fiction. Ouni Fro ass et ee grousse Schratt an der Embryologie, deen der Medezin eng sëllegen Diere kéint opmaachen an ee Liicht op Beräicher an der mënschlecher Biologie werfe kann, déi fir Fuerscher bis elo ee Buch mat siwe Sigele waren.
Rieds ass vun dem Duerchbroch, deen engem Team vu Fuerscher an Israel viru kuerzem gelongen ass. Si hunn Ufank September Schlagzeile ronderëm d'Welt gemaach, well si et fäerdeg bruecht hunn, aus Stammzellen e Modell vun engem mënschlechen Embryo ziichten. Bis zum 14. Dag goufen d'Zellen ausserhalb vun der Gebärmutter wuesse gelooss. Vun engem natierlech entstanenen Embryo war dëse Stammzellen-Embryo u sech kaum ze ënnerscheeden.
Mat am Team vun 12 Fuerscher ronderëm de Professer Jacob Hanna vum "Weizmann Insitute of Science" ass och eng Lëtzebuergerin: Déi 26 Joer al Emilie Wildschutz. Mir hu mat hir iwwert hir Recherche geschwat. Wéi eng Méiglechkeeten dinn sech doduerch op? Mä och: wéi eng ethesch Froe muss ee sech stellen?
"D'Zelle maachen et selwer"
Déi eng Fro ass dobäi ee gutt Stéck méi einfach ze beäntwerten, wéi déi aner. Mat dem Modell, dee si ausgeschafft hunn, kéint een endlech méi iwwert déi fréi Schwangerschaft gewuer ginn. An den éischte Wochen wëssen déi meescht Fraen nach net, datt si e Kand erwaarden. Nieft ethesche Bedenken mécht och dat et quasi onméiglech, dëse fréie Stadium ze studéieren. "Et ass een Deel an der Schwangerschaft, deen u sech guer net accessibel ass", erkläert d'Emilie Wildschutz. Et ass dacks och an dësen éischte puer Wochen, datt een Embryo et net packt. "Mir brauchen een zellulare Modell fir ze kucken, wat do geschitt."

Den Dr. Jacob Hanna (lénks) mat engem deel vu sengem Team. D'Emilie Wildschutz ass ganz riets. / © Weizmann Institute of Science
Op laang Siicht kéinten d'Recherchen de Fuerscher souguer iergendwann dobäi hëllefen, nei Organer ze ziichten. Mä dofir misst een ebe fir d'éischt emol verstoen, vu wéi engem Moment un een Embryo domat ufänkt, dat Organ ze forméieren, erkläert d'Emilie Wildschutz.
De Prozess vun der Kreatioun vun esou engem Stammzellen-Embryo faszinéiert déi jonk Fuerscherin. Vun engem gewësse Punkt un, maachen d'Zellen d'Aarbecht nämlech ganz vun eleng. "Wann ee Stammzellen hëlt, hunn déi am Fong d'Potential, all Zellen ze ginn." An dësem fréie Stadium vun der Entwécklung huet de Mënsch véier Zell-Typen. Wann een déi dann am richtege Verhältnes zesummebréngt, da forméiere si sech am Prinzip ouni weider Hëllef zu engem Embryo: "Mir musse just den Ufank vun den Zellen hikréien. Soubal se um richtege Startpunkt sinn, mëscht ee se zesummen a si maachen alles. Et ass näischt, wou mir den Zellen dann nach iergendeng Direktioun ginn."
D'Stammzelle kréien si entweder duerch Stammzellen-Spenden no IVF-Ronnen, oder duerch d'Veränneren vun enger erwuessener Zell. "Do kann een eng Zell huele vun der Haut an se erëm zeréckprogramméieren op dee Punkt, datt se nees d’Potenzial huet, als sougenannten "naiv" Zell zu allen aneren Zellen ze ginn."

D'Zellen um sechsten Dag vun hirer Entwécklung. / © Weizmann Institute of Science
De gréisste Problem, deen dem Team den Ament Kappzerbrieches mécht, ass dee vun der Effizienz vun hirer Method. An de Versich entwéckelt sech bis ewell just ronn 1 Prozent vun den Zell-Gemëscher tatsächlech och zu engem Embryo. Do wier et elo wichteg erauszefannen, wéi een deen Taux an d'Luucht setze kann. Bis een dës kënschtlech Embryoen an Tester kéint benotzen - zum Beispill fir erauszefannen, wéi verschidde Medikamenter sech op d'Entwécklung auswierken-, misst een se vill méi zouverlässeg produzéiere kënnen.
"Ech mengen d'Leit hunn oft Angscht, well se sech eppes aneres drënner virstellen"
Mä bis dat esou wäit ass, ginn et nach eng Rei aner Froen ze klären. D'Recherche vum Team, zu dem d'Emilie Wildschutz gehéiert, huet an der wëssenschaftlecher Communautéit nämlech eng ganz nei, ethesch Diskussioun un d'Rulle bruecht. Datt d'Entwécklung vun den Embryoen an de Versich no 14 Deeg gestoppt gëtt, ass nämlech keen Zoufall. Déi sougenannten "14-Day-Rule" ass een internationale Standard, dee fir Versich un natierlechen Embryoen entwéckelt ginn ass. "Mä Regulatioune sinn elo den Ament nach net do, fir ze soen 'mat Stammzell-Embryoe muss een och do ophalen'", erkläert d'Emilie Wildschutz.
Déi grondleeënd Fro, déi sech elo stellt: Wat ënnerscheet ee geziichten Embryo vun engem natierlech entstanenen Embryo? Am Modell ass et ëmmerhin déi éischte Kéier gelongen, net nëmmen den Embryo z'entwéckelen, ma och den Dueder-Sak an d'Plazenta si mat gewuess. "Et gesäit deem ganz änlech, mee mir kënnen elo net soen, et ass genee dat selwecht. Dowéinst soe mer och, et ass ee Modell. Vun engem natierlechen Embryo wësse mer: Dat kann ee Mënsch ginn. Vun deem hei wësse mir et net. Mir bréngen et jo guer net esou wäit."

En aus Stammzellen hiergestallten mënschlechen Embryo um 14. Dag vu senger Entwécklung. Déi blo Zelle sinn den Embryo, déi giel Zellen den Dueder-Sak an déi gro Zelle ronderëm sinn d'Plazenta. / © Weizmann Institute of Science
Méi wäit haten d'Fuerscher an Israel et awer schonn an enger Publikatioun virun engem Joer bruecht. De Prinzip, dee si elo mat Succès mat mënschleche Stammzellen ëmgesat hunn, hate si nämlech och schonn u Mais getest. Deemools hat een d'Recherche esou wäit bruecht, datt d'Organer schonn ugefaangen hunn, sech ze forméieren."Do hat een en Häerz, dat schléit, an dat war och alles vu Stammzellen aus gemaach. Dat war fir eis e bëssen de sprangende Punkt ze soen 'Et ass méiglech'."
Wéi wäit een elo an dësen neie Recherchë ka goen, an ob kënschtlech Embryoen d'nämmlecht behandelt sollte ginn, wéi natierlecher, wäert ouni Zweiwel an Zukunft an der Welt vun der Wëssenschaft nach vill diskutéiert ginn. No baussen hin ass et iwwerdeems ee Feld, dat dem Emilie Wildschutz no dacks mëssverstane gëtt: "Ech mengen d'Leit hunn dacks Angscht well se sech eppes aneres drënner virstellen. "Brave New Word", mir maachen elo Klone-Bëbeeën. Mä dorëms geet et am Fong guer net."
"Et war ee Rennen - wien ass vir?"
"Den Drock war riseg", erënnert sech déi lëtzebuergesch Fuerscherin un d'Zäit virun der Publikatioun. "Säit der Maus-Publikatioun, déi ee Joer hier ass, war et just nach eng Fro vun der Zäit. Wie mécht et elo mat mënschlechen Zellen? Et war konstant gewosst, et schaffe vill Teams drun. Et war ee Rennen - wien ass vir?" Eleng an dësem Joer wiere scho ronn fënnef nei Papers an dësem Beräich erauskomm. "Iwwert dat ganz Joer lafen och Konferenzen, wou een e bësse seet wou een drun ass, ouni ze vill verroden ze wëllen."
D’Emilie Wildschutz deet sech awer heiansdo och e bësse schwéier mat der Konkurrenz. "E bëssen traureg" wier et schonn, wann ee sech géif iwwerleeën, datt ee sech mat den anere Laboen ënnertenee jo grad esou gutt kéint austauschen. "Géif et dann net méi séier goen? Dréift Competitioun et méi, oder wier et besser, zesummenzeschaffen?", freet sech d'Fuerscherin. Mä hatt ass och zouversiichtlech, datt sech déi Kompetitivitéit nees leeë wäert. "Saachen, déi ganz ganz nei sinn, do ass d’Competitioun méi grouss. Duerno a Felder, déi méi etabléiert sinn, gi méi Kollaboratioune gemaach."