A Montenegro leeft d'Olympiad vun de Faulenzer schonn iwwer 800 Stonne laang

© AFP
D'Awunner vu Montenegro gëlle bei hiren Noperen als liddereg. En Duerf am klenge Balkanstaat weist, dass et och tatsächlech esou ass.
Zanter iwwer engem Mount leeft am klenge Vakanzenuert Brezna ee ganz besonnesche Concours, een, bei deem ee sech elo wierklech net muss ustrengen.
Et geet drëm, esou laang wéi méiglech "leien ze bleiwen". Jo, dir hutt richteg héieren: hei gëtt de Gewënner gesicht, deen am längsten op enger Matrass kluddere kann. A munch een ass och scho laang amgaange mam Näischtmaachen.
Véier Finaliste ginn et aktuell. Eng dovun ass d'Lidija Markovic, déi knallhaart ëm d'Victoire bei der "Olympiad vun de Faulenzer" kämpft. "Ech si schonn zanter 800 Stonnen hei", sou déi 23 Joer al Estheticienne a si gëtt eréischt op, wa si sech langweilt. Ma wéini dat ass, wéisst si elo nach net. Fir dass awer keng Langweil opkënnt beim Faulenzen, stinn den Olympioniken just Bicher an hiren Handy zur Verfügung.
Et ass schonn déi 12. Kéier, dass d'Duerf dësen ongewéinlechen "Lie in" organiséiert. De Concours mécht u sech de Geck mam Klischee, dass Montenegriner solle liddereg sinn, sou den Organisateur Radonja Blagojevic. An dëse Concours wier weltwäit eenzegaarteg.
Matmaachen dierfen net just Montenegriner. Zu den 21 "Lidderhanessen", déi sech et op enger Matrass bequeem gemaach hunn, gehéieren och Russen, Ukrainer a Serben. Si all hoffen nieft dem Prestige och op d'Präisgeld vun 1.000 Euro. Ëmmerhin, d'Finalisten hunn de Rekord vu bis ewell vu fënnef Deeg schonn ëm Längte gebrach. Dat och well déi strikt Reegele méi labber goufen. Si dierfen zwar weiderhin net opstoen oder sech sëtzen, wa se net direkt disqualifizéiert wëlle ginn, d'Jury pëtzt awer béid Ae fest zou, dat all aacht Stonnen fir 15 Minutten.