Eng Fra huet den 48 Joer ale brittesche Komedian a Schauspiller beschëllegt, sech virun hir am Joer 2008 ausgedoen ze hunn.

An engem Bürosgebai zu Los Angeles wier et zum Virfall komm, do wou och BBC e Studio hätt. E puer Minutte nodeems hie sech plakeg gewisen hätt, hätt hien an enger Radiossendung de Geck iwwert de Virfall gemaach.

D'Fra hat deemools keng Plainte géint den Acteur gemaach. D'Chefetage vun der BBC wier awer 2019 driwwer informéiert ginn, hätt awer keng Konsequenzen draus gezunn.

"Ech schumme mech", sou d'Fra géintiwwer der BBC. Si hätt sech awer donieft d'Fro gestallt, ob e méi fréit Agräife weider Virfäll verhënnert hätt. "Vläicht géif et elo manner Frae ginn, deenen esou grujeleg Saachen ugedoe gouf, vun deene mir elo an den Zeitunge liesen".
Déi brittesch Zeitungen Times a Sunday Times souwéi d'Telvisiounschaîne Channel 4 hate lescht Woch e Samschdeg no gemeinsame Recherchen iwwert d'Virwërf vu sexueller Gewalt géint de Brand bericht. Deemno reprochéiere véier Fraen dem haut 48 Joer alen Acteur, si tëscht 2006 an 2013 vergewaltegt, mëssbraucht an ausgenotzt ze hunn. E Sonndeg ass dann och eng Plainte wéinst sou engem Virfall bei der Police vu London gemaach ginn.

Den Ex-Mann vun der US-Sängerin Katy Perry huet d'Virwërf allerdéngs zeréckgewisen. Hien hätt eng Zäit laang dacks seng Partnerinne gewiesselt, zum Sex wier awer ëmmer mat hirem Averständnis komm.

E Porte-parole vum Premier Rishi Sunak huet d'Virwërf als "immens seriö a besuergneserreegend" genannt. Dem Russell Brand säi Verlag Bluebird huet iwwerdeems d'Zesummenaarbecht mam Komedien op Äis geluecht. Och fir seng YouTube-Videoen gëtt et bis op Weideres keng Sue méi.