Eng weider Kéier huet de Juan Carlos I., fréieren Ex-Kinnek vu Spuenien, säin Heemechtsland besicht.

De 85 Joer ale fréiere Monarch ass um Flughafen zu Vigo am Nordweste vu Spuenien gelant. Vun do aus ass den Ex-Monarch an d'Stad Sanxenxo gefuer, déi un der Küst läit, fir mat senger Yacht "El Bribon" un enger Regatta deelzehuelen.

Et ass déi véierte Kéier, datt de Juan Carlos zeréck a Spuenien ass, zanter senger Flucht an d'Exil zu Abu Dhabi am Joer 2020. Schonn am Abrëll an am Juli war hie wéinst enger Regatta a Spuenien.

Kloer ass och nach net, ob de Juan Carlos sech mat sengem Bouf, dem aktuelle Kinnek vu Spuenien, wäert treffen. De Kinnek Felipe VI. hat sech vun de Skandaler vu sengem Papp distanzéiert, plangt awer fir en Donneschdeg eng Visitt an der Regioun, an där d'Stad Sanxenxo läit.

De Juan Carlos war vun 1975 bis am Juni 2014 Kinnek vu Spuenien. Zanter deem Ament, wou hien d'Amt selwer néiergeluecht huet, goufen ëmmer nees Skandaler ëm de Monarch opgedeckt, ënner anerem wéinst Geldwäsch an ominéise Kaddoen aus Saudiarabien a Milliounenhéicht.