Indesch Fra léiert mat 92 Joer nach Liesen a Schreiwen

© AFP Symbolbild
D'Salim Khan gouf ganz fréi bestuet, krut Kanner a war ni an der Schoul. Am Alter vun 92 Joer huet si sech den Dram vum Liesen a Schreiwen erfëllt.
Wéi indesch Medie mellen, koum d'Inderin 1931 op d'Welt an ass jonk, am Alter vun nëmme 14 Joer, bestuet ginn. Als Kand war si ni an der Schoul, well et an hirem Duerf am Bundesstaat Uttar Pradesh keng gouf.
Et war ëmmer hire Liewensdram, an der Schoul Liesen a Schreiwen ze léieren, sou d'indesch Bomi am Interview mat der Times of India. Mat 92 Joer war et dann endlech esouwäit. Viru sechs Méint war hiren alleréischte Schouldag, begleet gouf si vun hirem Enkelchen. All hir Matschüler waren aacht Joerzéngte méi jonk wéi si.
Der Inderin hir Geschicht ass duerch e Video, deen op de soziale Reseaue gedeelt gouf, bekannt ginn. An deem Video zielt si vun 1 bis 100. "Meng Enkelkanner hu mech ëmmer ausgetrickst, hinne méi Suen ze ginn, well ech d'Schäiner net ziele konnt", sou d'Salim Khan, "déi Zäite sinn elo eriwwer."
An Indien ginn et ëmmer nach vill Analphabeten. Der Vollekszielung vun 2011 no läit dësen Taux bei ongeféier 73%. Hir Geschicht ass dat beschte Beispill dofir, dass d'Striewen no Wëssen net duerch den Alter begrenzt ass, ënnersträicht d'Bildungsbeoptraagt Lakshmi Pandey. Fräiwëlleger vun der staatlecher Bildungsinitiativ waren et, déi d'Kan encouragéiert hunn, an d'Schoul ze goen.
An der Schoul wier een am Ufank skeptesch gewiescht, déi eeler Fra z'ënnerriichten, ma et war hir "Leidenschaft", déi um Enn jiddereen iwwerzeegt hätt. "Mir hunn et net iwwert d'Häerz bruecht, si ze refuséieren", sou d'Directrice Pratibha Sharma géintiwwer Times of India. An zanter d'Salima Khan an hirem héijen Alter an d'Schoul gaange wier, hätte sech nach 25 weider Fraen aus hirem Duerf an extra Course fir eng Alphabetiséierung gemellt, dorënner 2 Schnaueren.
Den eelste Mënsch, dee Liesen a Schreiwe geléiert huet, ass si awer net. Am Guiness-Buch vun de Rekorder ass de verstuerwene Kenianer Kimani Ng'ang'a Maruge als eelste Mënsch notéiert, deen d'Grondschoul ofgeschloss huet. Hie hat sech 2004 am Alter vu 84 Joer selwer an der Schoul ugemellt, fir Sue kënnen ze zielen a fir d'Bibel ze liesen.