Ee besuergte Bierger hat d'Police geruff, nodeems hien déi arméiert eeler Fra an der Géigend vun der Gemeng gesinn hat.

E Mëttwoch de Moien huet een Autoschauffer bei der Police zu Betzdorf an Däitschland ugeruff a gemellt, en hätt am Duerf Krichen eng eeler Fra gesinn, déi mat zwee Gewierer ënnert den Äerm an der Géigend vun der Gemeng ënnerwee gewiescht wier. Hie géif sech Suerge maachen, datt eppes kéint geschéien.

Wéi d'Policedirektioun vun Neuwied/Rhein matdeelt, hätten d'Beamten d'Fra relativ séier fonnt an d'Gewierer séchergestallt. Wéi sech erausgestallt huet, waren et zwee Loftgewierer. D'Fra hat d'Loftgewierer matgeholl, fir se bei der Gemeng ofzeginn. Et hätt deemno "alles seng Richtegkeet" gehat, esou d'Police en Donneschdeg.