Fir déi eng gehéiere se zum Stadbild, fir déi aner behënnere se d'Siicht op d'Seine, op där d'Ouverturesfeier vun den Olympesche Spiller 2024 wäert sinn.

Am Sträit ëm déi ronn 900 gréng Holz-Stänn vun de Librairë laanscht de Floss gouf et elo eng Eenegung. D'Stad léisst déi traditionell Verkafsstänn séier of- a rëm opbauen an, wann néideg, och restauréieren, wéi et e Freideg vu Paräis heescht.

Doriwwer eraus soll op enger bis ewell nach onbekannter Plaz en "Duerf" fir d'Buchhändler opgebaut ginn, wou si hir Wuere verkafe kënnen. "Un den Ufere vun der Seine ginn e puer Honnerte Mënschen erwaart, dat bedeit en erhiefleche Sécherheetsrisk", wéi déi franséisch Haaptstad betount.

Donieft wëll Paräis d'Librairen och bei hirer Demande ënnerstëtzen, op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe vun der Unesco opgeholl ze ginn. D'Traditioun vun den "Bouquinistes" geet bis an d'17. Joerhonnert zréck. Déi donkelgréng Faarf vun den hëlzene Këschte kënnt vun den éischte Metroen an der Faarf vun de Bueren an de Litfasssaile vu Paräis. An de leschte Joren ginn ëmmer méi dacks Souveniren amplaz vu Bicher ugebueden, wat d'Stad probéiert ze verhënneren.

D'Librairë wiere sech allerdéngs dogéint, d'Stänn fir d'Ouverturesfeier vun de Olympesche Spiller ofzebauen. Et ass déi éischt Kéier, datt d'Zeremonie net an engem Stadion organiséiert gëtt. Iwwer 100 Booter mat den Athlete sollen op enger sechs Kilometer laanger Streck d'Seine eroffueren. Ronn 100.000 Plazen op der Tribün goufe scho verkaf. E puer Honnerte Spectateure gi sech laanscht d'Seine erwaart.