Zu München hunn d'Pompjeeën e Mann no senger Oktoberfestvisitt befreit. Hie war um Wee a säin Hotel an der Verkleedung vun enger Ofspärung hänke bliwwen.

De Mann aus Finnland hätt e Samschdeg gutt gefeiert a wier am spéiden Owend zeréck a säin Hotel gelaf. Um Wee wier e Chantier gewiescht, deen ofgespaart war.

De Mann hätt du versicht, iwwert d'Ofspärung ze klammen. Wéi hien drop geklommen ass, wier en ofgerëtscht a mat sengem Uewerschenkel an der Holzverkleedung stieche bliwwen, sou d'Pompjeeë vu München e Sonndeg de Moien.

E Passant huet d'Riff no Hëllef vum Mann héieren an d'Pompjeeë geruff. Déi huet de Mann mat Hëllef vun enger Briechstaang aus senger mësslecher Lag befreit. Wéi et vun de Pompjeeën heescht, wier de Mann beim Tëschefall net blesséiert ginn.