Eng Recherche vun RTL Infos
Op Lëtzebuerg immigréieren ass net esou einfach, wéi online suggeréiert gëtt

© Shutterstock
Zanter September ass et fir Lëtzebuergesch Employeure méi einfach, Leit aus Drëttlänner, also aus Länner baussent der EU ze rekrutéieren.
Dat virun allem, wann et ëm d'Besetze vun héich qualifizéierte Poste geet.
An deem Kontext sinn an de leschten Deeg eng Partie Videoen op de Soziale Medien opgedaucht, an deene suggeréiert gëtt, dass et ganz einfach wier, op Lëtzebuerg ze immigréieren, wann een dann nëmmen eng Kandidatur fir déi richteg Plaz areecht.
Ma ganz esou einfach ass et an der Realitéit net, fir op Lëtzebuerg ze immigréieren, wéi de Romain Van Dyck vun RTL Infos am Kader vun enger Recherche erausfonnt huet.
Am meeschte gelies