En Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht um Liewen halen
72-Stonne-Woch, e Buergermeeschter deen an den 30er Joren bei engem Aarbechtsaccident ëm d'Liewe komm ass a Plazen, wou ee soss net hikënnt.
D'Rëmelenger Minn huet aus 3 Konzessioune bestanen. Eng dovunner war d'"Walert" Minn. 1898 huet de Lëtzebuerger Staat dës un d'Rodanger Schmelz ofgetrueden.
Vu 1904 bis 1963 gouf hei Eisenäerz ofgebaut. Eng 70 Leit hunn an der Minn "Walert" hiert Brout verdéngt. De Gros ware Lëtzebuerger, Belsch a Fransousen.
An de 1920er a 1930er Joer goufen Diech vun de Minne mat Holz ofgeséchert.
12 Stonnen den Dag, 6 Deeg an der Woch
Bis 1918 goufen all Dag 12 Stonnen an der Minn geschafft. Vu moies 6 bis owes 6. 1918 huet dëst geännert. Vun deem Joer un huet d'Schicht 8 Stonne gedauert.
Déi Responsabel vum Musée versichen och ëmmer néi Iddi anzebauen. Sou wäert ee geschwënn eng Luedmaschinn an Aktioun gesinn. Si war an de 1950er Joere aktiv.
Beim Tuer duerch d'Rëmelenger Minn koume mir op Plazen, déi bei der offizieller Visitt net zougänglech sinn. Op dëse Plaze gëtt zum Deel Material stockéiert, wat nach net am Musée ausgestallt gouf oder restauréiert gouf.
D'Galerië leie ronn 90 Meter ënnert dem Buedem.
Minn als Filmkuliss
De Film "Réfractaire" vum Nicolas Steil aus dem Joer 2009 gouf an der Konzessioun "Laangegronn" gedréit. Wärend dem zweete Weltkrich hu sech eng Rei Leit an der Minn verstoppt an dat op 2 Plazen am Land.
Déi Fro déi am heefegste gestallt gëtt bei Visitten
Bei de Visitten duerch d'Tunnellen déi ënnert Rëmeleng verlafen, ass eng Fro déi ëmmer nees gestallt gëtt. Wéi vill Mënsche sinn an de Galerien ëm d'Liewe komm. Eng Fro déi net esou evident ass, esou den Denis Klein. Wuel géif et Zuele ginn iwwert d'Aarbechter déi a Lëtzebuerger Minnen ëmkomm sinn, den Detail zu den eenzele Minne gëtt et awer net.
Kenn dir soss nach esou "Lost Places" zu Lëtzebuerg, da schreift eis gären e Kommentar.