De fréieren italieenesche Ministerpresident huet jonk Fraen, déi bei senge "Bunga-Bunga"-Partyen dobäi waren, jorelaang generéis finanziell ënnerstëtzt.

Elo hunn d'Ierwe vum Berlusconi engem Zeitungsartikel no d'Paiementer gestoppt.

Iwwer 10 Joer kruten 20 jonk Fraen all Mount jeeweils 2.500 Euro vum Politiker. Eng Partie vun hinnen hunn ausserdeem a Wunnenge gewunnt, déi der Immobilienagence vum fréiere Regierungschef gehéiert hunn. Seng Generositéit huet de Berlusconi mat der Schiedegung vun der Reputatioun vun de Frae gerechtfäerdegt, déi duerch d'Convocatioun bei de verschiddene Geriichtsprozedure ronderëm d'"Bunga-Bunga"-Partye a senge Villae geschitt ass.