De Josy Fisch an de René Risch hunn an der Kategorie "Benevolat" de Luxembourg Tourism Award 2023 krut.

Et ass eng Auszeechnung, déi un déi Leit geet, déi duerch hire Benevolat en Déngscht fir d'Allgemengheet leeschten. De René Risch schafft zanter sengem 14. Liewensjoer mat Schifer an de Josy Fisch ënnerhält d'Traumschleife zu Manternach.

Wann et muss sinn, da féiert dem Josy Fisch säin éischte Wee géint 8.30 Auer nom Kaffi drénken an den Atelier. Et ass do, wou hien un deem bastelt, wat éischter onst Ënnerbewosstsinn indirekt matkritt, wa mir zu Manternach an de Bësch trëppele ginn. Hien ënnerhält do nämlech d'Traumschleife.

Bänken, Poubellen, Gelänneren an alles, wat een op der Traumschleife zu Manternach um 9 Kilometer laange Trëppeltour ze gesi kritt, hu mir deels dem Josy ze verdanken. De Syndicat d'Initiative vu Manternach këmmert sech hei drëms, dass d'Weeër an alles ronderëm a Form bleiwen.

Als Präsident vum Syndicat gëtt et awer nach een anert Argument, firwat de Josy Häerz a Séil hei investéiert. Hie fënnt et wichteg, dass ons Trëppeltouren erhale bleiwen. Deen zu Manternach géing mat senger Traumschleife zu engem vun deene flottste Weeër gehéieren an dat an engem Naturschutzgebitt, knapps 8 Kilometer vu Waasserbëlleg ewech. Et wier e wonnerschéine Wee mat ville flotte Vuen.

Iwwer 400 Stonne pro Joer schafft de Syndicat hei um Tour, de Rescht verbrénge si an hirem Headquarter matzen am Bësch.

De Josy lieft awer net nëmme fir d'Natur a fir de Syndicat, och seng Famill kënnt net ze kuerz. Zanter 50 Joer ass hien elo bestuet an esou huet hien och direkt nogelauschtert, wéi vu senger Fra d'Iddi vun enger Wäistuff doheem opkomm ass. Deemno huet hien eng gebaut an nach méi Freed dru kritt, fir am Holz ze schaffen.

Vum deem éischte Gewënner eriwwer bei deen zweeten, éischte Gewënner. Tëscht dem Josy an dem René koum et nämlech zu engem Gläichstand an der Kategorie "Benevolat". Esou goufen et direkt zwou éischt Plazen.

De René Risch vu Maarteleng ass mam Schifer grouss ginn. Am Alter vu 14 Joer huet säi Papp him gewisen, wéi een de Schifer spléckt, fir Placken draus ze maachen. Elo am Alter vu 84 Joer gesäit een hien nees do, wou fréier seng Aarbechtsplaz war an elo e Musée ass.

De René gëtt säi Wësse gäre weider, schonn eleng wëll et e Beruff ass, deen duerch de Fortschrëtt an d'Maschinnen ausgestuerwen ass. Hien ass ëmmer nees houfreg, wa Klasse kommen an hien hinne weise kann, wéi fréier geschafft gouf.

Mat Häerz a Séil erzielt hie Geschichte vu fréier, wéi se nach haart geschafft hu, fir iwwert d'Ronnen ze kommen. Et kéint een him Stonne laang nolauschteren. Houfreg dierf de René och op seng Auszeechnung sinn. Fir opzehalen, dorunner huet hien nach net geduecht.

Déi zwou éischt Platze vum Tourism Award goungen dëst Joer un zwou Perséinlechkeeten, déi et onofhängeg vum Jury definitiv verdéngt hunn.