Police stoppt zwee Mannerjäreger no Ausfluch mam Auto zu Duisburg

D'Jonge vun 13 a 14 Joer goufen an Nordrhein-Westfalen vun der Police ugehalen a wuertwiertlech aus dem Verkéier gezunn.
Ronn 100 Kilometer ware béid komm, éier si der Police gemellt goufen, well si hiert Gefier op der däitscher A3 net ënner Kontroll an esouguer direkt e puer Mol bal en Accident produzéiert haten, esou d'Police vun Duisburg. An där Stad konnte si schlussendlech gestoppt ginn, nodeems si an Duisburg selwer e puer aner Autoe beschiedegt haten.
An hirem Heemechtsduerf ware béid schonn als vermësst gemellt ginn. Wéi d'Jongen un den Auto koumen, ass aktuell nach net kloer. Et geet een dovunner aus, datt si de Schlëssel fir den Auto schonn am Oktober geklaut haten. De Won gouf vun der Police saiséiert, Ermëttlunge goufen ageleet.