"D'Vegetatioun ännert, d'Leit änneren, d'Kulturen änneren"

© Christian Lamy
Mat senge Fotoe wëll de Christian Lamy d'europäesch Haaptstied authentesch portraitéieren.
Zu der Fotografie koum de Christian Lamy iwwert e Frënd: "Hie war selwer Fotograf an huet mech matgeholl. Hien huet mech geléiert, Geschichten duerch Fotoen ze erzielen."
Eng gutt Foto wier eng déi Emotiounen ausrifft, entweder wier een traureg, frou oder gutt gelaunt wann een eng gelonge Foto kuckt. Den éischte Fotoapparat huet den Dikrecher viru knapp 20 Joer kaf, zanterhier ass d’Fotografie e groussen Hobby ginn.
"Wann ech a Stied oder an der Landschaft ënnerwee sinn, kommen ech op eng Plaz, déi mer gefält. An da bleiwen ech. Entweeder d'Luucht verännert sech - mat de Schieter oder dass um Himmel eppes geschitt - an da virun allem awer dass iergendee Schauspiller op d'Bün kënnt, sief dat ee Vugel, dee spillt, villäicht en Déier oder eng Persoun, dass eng Geschicht entsteet."
Fotoprojet fir all d’europäesch Haaptstied ze fotograféieren
Duerch d’Aarbecht a privat kënnt de Christian Lamy vill duerch Europa: "Et ass mer elo nach eng Kéier bewosst ginn, och elo mat all de Spannungen, déi mer an Europa hunn, dass mer u sech esou e klenge Kontinent hunn, awer esou ee Räichtum, esou eng grouss Diversitéit vun Oslo erof op Roum bis op Lissabon. D'Vegetatioun ännert, d'Leit änneren, d'Kultur sinn anerer, et gëtt anescht giess, eng aner Vegetatioun. An trotzdeem ass an Europa alles no beieneen."
Zil ass et déi 46 europäesch Haaptstied all ze fotograféieren, dann ee Buch erauszebréngen an eng Ausstellung op d’Bee stellen, déi och a ville Gemengen oder och anere Länner kéint gewise ginn.

"Ech well d’Stied authentesch weisen"
De Christian Lamy well d’Stied esou weisen, wéi se sinn a net nëmmen d’Klischeeë weisen. D’Haaptstied sollen authentesch eriwwer kommen a net onbedéngt wéi den Tourist se kennt.
"Et ass mäi Bléck, mee ech hätt gär, dass e fair ass. D'Beispill vu Sarajewo, wou ech virun e puer Méint war: Wann een duerch Sarajewo geet, dann huet een eng Säit e ganz muslimesch gepräägten Deel, mat Moscheeën. Wann ech nëmmen dat fotograféieren, dat ass nëmmen deen Deel vun der Geschicht. Da gesäit een awer vill Spueren aus dem Krich. A wann ech nëmmen dat fotograféieren, dat ass e komplett verfälschte Bild. Et ass eng lieweg Staat, wou de Krich wuel nach present ass, en awer net am Alldag ze spieren ass. Et ass eng Stad, déi an engem fantasteschen Environnement läit, mat Bierger ronderëm, mee et ass och net nëmmen dat. An do hunn ech einfach probéiert, laang genuch ze bleiwen."
Zwee Drëttel vun den Haaptstied huet de Christian Lamy scho fotograféiert. Et kéint nach 2 Joer daueren, bis de Projet ofgeschloss ass.

Paräis, Berlin, Sarajewo
Paräis, Berlin a Sarajewo, dat si seng Liblingsstied. Op senge Reese wieren dës d’Stied, déi hien am meeschten iwwerrascht hunn. Iwwerrascht hätt hien och déi griichesch Haaptstad, Athen:
"Et ass eng Stad, wou ech eigentlech just d' Akropolis kannt hunn. D’Stad huet mech an deem Sënn iwwerrascht, dass se mer wéi ee risegt Duerf virkomm ass. Wou iwwerall eng lass ass an et kee richtegen Zentrum gëtt."
De Christina Lamy ass den Direkter vum Institut de Formation de l’éducation Nationale, kuerz IFEN .