Alkoholiséierte fiert mam Auto an Dekoschwäerter op de Policebüro

© Image Pixabay / hundankbar
E Mann ass am Landkrees Trier-Saarburg mat Dekoschwäerter bei d'Police gefuer. Domat net genuch, en hat ze déif an d'Glas gekuckt wéi en op déi Iddi koum.
De 59 Joer ale Mann ass op alle Fall lo mol säi Fürerschäi lass.
Hie war an der Nuecht op en Donneschdeg mat de Schwäerter ënnerwee, well si e Beweismëttel wieren, sou d'Police. Hie wollt eng Plainte maache wéinst engem fir hie komesche Virfall. Ma wärend dem Gespréich ass de Beamte vum Policebüro zu Schweech, op däitsch Schweich, dunn den Alkoholgeroch opgefall an et gouf en Otemtest gemaach. Deen huet ugeschloen, de Mann hat 1,4 Promill.
Hie huet wéi gesot de Permis ewechgeholl kritt. Donieft blitt him lo nach e Verfare wéinst alkoholiséiertem Fueren. D'Fro, wisou de Mann matten an der Nuecht op d'Iddi koum, mat Dekoschwäerter bei d'Police ze fueren, fir eng Geschicht ze mellen, déi der Police no nawell méi wäit hier war, bleift onbeäntwert.