Köln erwaart Massenundrang a Chaos fir den 11.11 um 11.11 Auer

Den Ufank vun der Karnevalssaison ass fir Köln ëmmer eng grouss Erausfuerderung, ma dëst Joer soll et nach méi schlëmm ginn.
Wéi gewinnt ginn eng Onmass u Partytouristen erwaart. Wat dëst Joer dann nach dobäikënnt, den Optakt vun der geckeger Zäit fält op e Samschdeg. Net just zu Köln ass d'Situatioun elo schonn ugespaant, mä och zu Düsseldorf.
Mat 1.000 Polizisten, 180 Mataarbechter vum däitschen Ordnungsamt an 1.000 private Sécherheetsleit wëll d'Stad Köln den erwaarten Undrang den 11.11 méi gereegelt gestalten. Ob dat klappt? Well de Karnevalsoptakt ebe grad op e Samschdeg fält, gëtt mat nach vill méi Leit wéi soss gerechent, woubäi d'Zuel vun de Partygecken a Jecken an de leschte Jore schonn "exponentiell geklommen" ass, sou d'Stad Köln.
D'Haaptplaz vu de Partybegeeschterten ass och net méi wéi fréier d'Alstad, villméi steieren déi meescht Visiteuren de Beräich ëm d'Zülpicher Straße un, de sougenannte "Kwartier Latäng". De Studentequartier mat senge ville Baren a Caféë gëllt scho méi laang als Mega-Hotspot, deen och un normale Weekender vill Partytouristen aus dem Ausland unzitt. An der Karnevalszäit kënnt et, kombinéiert mat engem exzessiven Alkoholkonsum, reegelméisseg zu enormem Gedrécks mat dacks onschéinen a knaschtege Suitten, wann dat ganzt Gefeiers nees eriwwer ass. Bei den Awunner vu Köln ass dat scho méi laang e grousse Kritikpunkt.
Et sief drun erënnert, dass op Urinéieren op net autoriséierte Plazen eng Strof vu bis zu 200 Euro steet.
Et si scho Butteker a Firmen, déi aus de leschte Jore geléiert hunn an hir Konsequenzen zéien. Si loossen e Samschdeg ganz einfach hir Dieren zou. Sou zum Beispill d'Kölner Brauhaus. Dat ass nëmmen ee Betrib vu villen, dat selwecht gëllt scho fir d'Brauerei Päffgen, wéi op hirer Facebook-Säit ervirgeet. Si ginn d'Schold dem schlechte Konzept vu Köln. Besonnesch awer déi ëmmer méi grouss Gewaltbereetschaft bei esou grousse Mënschemasse gëtt do thematiséiert. Zoumaache wier fir vill déi eenzeg Alternativ.
Op Köln kënnt eng zousätzlech, méi besonnesch Erausfuerderung nach dobäi. Am Studentequartier steet déi gréisste Synagog vun der Stad. Se gëtt am Hibléck op déi sëllegen antisemittesch Strofdoten zanter den Terroruschléi op Israel mat Clôturen ofgespaart an extra geséchert. D'Police huet an deem Sënn den Appell un d'Fuesboke gemaach, hir Kostümer an der aktueller Krisesituatioun unzepassen an zum Beispill op Waffenattrappen ze verzichten.
Suergen och zu Düsseldorf
Fir de Karnevalsoptakt wäert och do d'Police méi ze di kréie wéi d'Jore virdrun. Och hei net just well et op engem Samschdeg ass, ma well op en Neits propalästinensesch Demonstratiounen ugemellt goufen. De leschte Weekend waren esou ëmmerhi 17.0000 Mënschen zesummekomm.
Et wier een de Moment a "Kooperatiounsgespéicher" mat den Organisateuren, fir d'Situatioun méiglechst z'entschäerfen. D'Maniffe si fir de fréien Nomëtteg annoncéiert, d'Jecke starte bekanntlech jo um 11.11 Auer.