E Freideg huet d'Gewerkschaft vun der Hamburger Police all d'Polizisten, Pecherten an och d'Leit vun de Verkéiersinstituter zu engem Warnstreik opgeruff.

Wéi et schéngt, kann een e Freideg zu Hamburg do parken, wou ee grad Loscht huet. Am Kader vun hirem Warnstreik huet d'Policegewerkschaft matgedeelt, datt den 10. November dat falscht Parke "grondsätzlech" net bestrooft gëtt.

Weider gouf annoncéiert, datt een och d'Auswäerte vu Verstéiss géint d'Vitess oder d'Maut vu Camionen nëmme limitéiert wäert kontrolléieren. D'Police huet dann awer opgeruff, och wa manner Kontrolle sinn, datt een am Stroosseverkéier oppasse soll a Récksiicht op seng Matmënsche soll huelen. Lokale Medien no ass awer net ausgeschloss, datt verschidde Beamten engem trotz dem Warnstreik awer e Protokoll wäerte schreiwen.

D'Gewerkschaft huet dës Campagne lancéiert, well ee sech nach net an den Tarifverhandlungen eens ass.