Police sicht no Meedchen, wat vu maskéiertem Mann bedrängt ginn ass

© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
D'Police vun Dresden sicht an engem Groussasaz zanter Méindegmoien no engem Meedchen, dat Aenzeien no vun engem maskéierte Mann bedrängt ginn ass.
Hie soll eng schwaarz Stoff-Mask ugehat an d'Meedche festgehalen hunn, dëst konnt sech awer lassrappen an an e Bëschstéck flüchten. Den Täter ass em hannendru gelaf. Enger Passantin no, déi och d'Police nom Virfall kontaktéiert huet, soll d'Meedchen am Primärschoul-Alter sinn.
Den Ament siche ronn 180 Beamten och mat Hëllef vun engem Policehelikopter nom Kand. Eréischt lescht Woch ass zu Dresden e Meedche vun 12 Joer och vun engem maskéierte Mann bedrängt ginn. Hie soll d'Kand an e Bësch gezunn hunn, dëst huet dunn awer no Hëllef geruff a konnt vun enger eelerer Fra gerett ginn. Den Täter ass doropshi geflücht. Well d'Täterbeschreiwung a béide Fäll identesch ass, préift d'Police en Zesummenhang vu béide Fäll.