Tëscht Frankräich an der EU ass e Sträit ëm déi traditionell kleng Holzkëscht, wou de Camembert drakënnt, ausgebrach.

Déi franséisch Europaministerin Laurence Boone an e puer Europadeputéiert hunn e Mëttwoch e Protest géint e geplangten EU-Gesetz géint den Offall duerch Verpackungen annoncéiert, dat och déi traditionell Camembert-Këscht betreffe wäert. D'Gesetz gesäit vir, dass bis 2030 sämtlech Verpackungen an de EU recycléierbar musse sinn.

"Wann een Europa virun de Walen zur Karikatur maache wëll, da fänkt een domat un, d'Camembert-Produzente mat hire Holzverpackungen ze nerven", kritiséiert d'Boone. D'EU brauch e bëssen "e pragmatesche Realismus".

Fir déi hëlze Këschte ginn et bis ewell keng etabléiert Recycling-Prozeduren, sou déi liberal franséisch Europadeputéiert Stéphanie Yon-Courtin. Et géing "kaschten", nëmme Verfaren z'entwéckelen. Hir Fraktioun huet op Dränge vun der franséischer Delegatioun eng Demande fir eng Ännerung gemaach, där no Verpackungen aus Holz a Wuess vun der geplangter Recyclingflicht entbonne sinn.

Dat géif och net just de Camembert betreffen, ma och aner Kéiszorten mat hëlze Verpackung, Kierfercher fir Äerdbier an Austeren wéi och d'Wuessemballagen ëm verschidde Kéiszorten. Der Usiicht vun den Deputéierten no soll d'EU-Kommissioun fir d'éischt mol d'Auswierkunge vun dëse Verpackungen op d'Ëmwelt ënnersichen. Iwwregens hunn nach dräi weider franséisch Deputéiert d'Demande gemaach, Ausname fir d'Verpackungen aus Holz zouzeloossen.