Beim André Costa am Tirol
Lëtzebuerger mécht spektakulär Videoen a Fotoen
Eng Stad ëmgi vu Bierger. Innsbruck an Éisträich ass bekannt fir säi Panorama a seng Proximitéit zu de Bierger. Mä och als Studentestad.
Den André Costa ass wuel am Studentenalter, ma hie lieft a schafft zanter deem hien 18 Joer al ass an der Haaptstad vun Tirol. Dobäi kann hie seng Leidenschaft, de Klammsport, verbanne mat senger berufflecher Karriär. Hien ass Videograph a Realisateur an dréint Documentairen iwwer Extremsportaarten.
Eng RTL-Ekipp huet de Lëtzebuerger an Éisträich besicht an hie bei engem spektakulären Tournage an de Bierger begleet.
Am meeschte gelies