Nodeem en 62 Joer ale Mann um Balkon gegrillt hat, huet hie säi Grill an d'Wunneng erabruecht, fir déi futtis Heizung ze kompenséieren.

Dat mellt d'Police vu Soest. Seng Aktioun huet dozou gefouert, datt sechs Persounen tëscht 16 an 68 Joer blesséiert goufen. Si all haten eng Kuelemonoxidvergëftung.

Als éischt goung et enger Fra vun 68 esou schlecht, datt d'Ambulanz huet misste geruff ginn. Dono hunn och fënnef weider Betraffener sech gemellt a gesot, datt hinnen net gutt wier. Der Police an de Pompjeeën no stoung de Grill, wéi si op d'Plaz koumen, nees um Balcon. De genaue Verlaf soll elo nach ermëttelt ginn.