En Hutt mat Geschicht: A Frankräich koum e sougenannten "Zweispitz" vum Napoleon Bonaparte fir d'Rekordzomm vun 1,932 Milliounen € ënnert den Hummer.

D'Stee vun der berüümter schwaarzer Kappbedeckung zesumme mat enger Coquarde an de franséischen Nationalfaarwe blo, wäiss a rout hu "Sammler aus der ganzer Welt" ugezunn, huet d'Auktiounshaus Osénat e Sonndeg zu Fontainebleau südlech vu Paräis matdeelt. Wien de sougenannte "Bicorne" (fr) oder "Zweispitz" (de) gesteet huet, gouf net gesot.

Virun der Stee hat d'Auktiounshaus den Hutt op 600.000 bis 800.000 € geschat. Mat där Zomm huet d'Auktiounshaus säin eegene Rekord gebrach: 2014 war en änlechen Hutt vum Napoleon fir 1,884 Milliounen € ënnert den Hummer komm.

Den Napoleon soll an de 15 Joer vu senger Herrschaft ronn 120 Hitt mat der charakteristescher Form gehat hunn. Viru 5 Joer hat e Bonaparte-Zweispitz bei enger Stee eng Zomm vun 350.000 Euro abruecht.