Dosende Patrullen an e Policehelikopter hunn e Sonndeg a Rheinland-Pfalz no engem klenge verschwonnene Kand gesicht.

No knapp 2 Stonne verzweiwelter Sich gouf d'Kand vun dräi Joer fonnt. De klenge Bouf louch séileroueg am Kannersëtz an engem vun de Familljenautoen, déi net zougespaart waren.

Hien hat do virdru virum Haus vun der Famill zu Niederstadtfeld gespillt. Wéi d'Elteren no him gekuckt hunn, war de klenge Jong op eemol spuerlos verschwonnen. Si hu selwer nom Kand gesicht, ouni Succès. D'Police gouf alarméiert an eng gréisser Sichaktioun lancéiert. 44 Leit waren am Asaz zesummegestallt aus sëllege Polizisten, lokale Pompjeeën, dem Rettungsdéngscht a wéi gesot dem Policehelikopter.

Um fréien Owend du gouf d'Kand fonnt. Hie war midd ginn an hat sech an den Auto a säi Sëtz gesat. Do war hie friddlech entschlof an hat vun der ganzer Panik näischt matkritt. D'Ae waren awer ëmsou méi grouss, wéi hien de Groussasaz bis erlieft huet.