D'Joer ass nach net eriwwer, ma d'Prognose vun de Krankekeesen deiten op e Rekord bei de Krankschreiwungen hin.

Deemno kéim een op en Duerchschnëtt vun 20 Deeg pro Employé fir d'Joer 2023. Dat geet aus den Zuele vun der DAK-Gesundheit ervir. Am drëtte Quartal kéim am Duerchschnëtt all Employé op bal 5 Deeg, op deenen e wéinst Krankheet op der Schaff gefeelt huet, an dat obwuel et keng Summergrippewell gouf an et och bei de Coronainfektiounen éischter roueg war.

Och wann een nach keng definitiv Zuele vum Oktober hätt, sou huet den Andreas Storm vun der DAK an engem Interview an der "Rheinischen Post" d'Prognos gewot, dass een am Joer 2023 déi éischte Kéier zanter ville Joren op däitlech iwwer 20 Deeg Krankeschäin pro Employé géif kommen.

Änlech Zuelen hunn och aner Krankekeesen an Däitschland wéi z.B. d'Techniker Krankenkasse. Hei ass et och d'Feststellung, dass et däitlech méi Krankmeldunge ginn wéi viru Corona.

Déi meescht Deeg wou d'Leit feele ginn zeréck op d'Gripp, grippal Infekter oder Bronchitten. Hannendru kommen da psychesch Diagnosen an z.B. Réckwéi.

Date vun der AOK Rheinland/Hamburg fir d'Joer 2022 weisen drop hin, dass och Leit ënner 30 Joer op extrem héich Zuele kommen, wann et heescht op der Schaff ze feelen. Wat opfälleg wier bei der sougenannter "Generatioun Z", sinn déi vill Krankeschäiner wéinst psychescher Belaaschtung. All Employé ënner 30 Joer wier an dem Joer rechneresch ronn 19 Kalennerdeeg op der Schaff ausgefall, esou d'Institut für Betriebliche Gesundheitsförderung, kuerz BGF.